Detailléiert Informatiounen zur Veraarbechtung vu perséinlechen Daten

Am Kader vum Fuerschungsprojet Jugendëmfro Lëtzebuerg 2024 (YSL 2024) gi perséinlech Daten erhuewen, verschafft an analyséiert, fir d’wëssenschaftlech Ziler vum Fuerschungsprojet ze erreechen.

Wéi eng Date sammelen a veraarbechte mir?

Déi follgend perséinlech Date ginn zu den am Informatiounshiweis genannten Zwecker erhuewen: Mir erfaasse keng direkt perséinlech Identifikateuren (wéi Ären Numm oder Är IP‑Adress), awer e puer vun de vun eis gesammelten Date sinn als direkt perséinlech Identifikateuren definéiert:

  • Geschlecht, Gebuertsmount a ‑joer, Gemeng an där Dir wunnt
  • Geschwatë Sproochen, Bildungsniveau, Akommesklass
  • Nationalitéit
  • Daten, déi philosophesch Iwwerzeegungen offebaren
  • Wuelbefannen- a gesondheetsbezunn Informatiounen

Mir sammele perséinlech Daten direkt vun Iech.

Et goufen all noutwenneg Verfaren a Virkéierunge getraff, fir d’Vertraulechkeet vun de Fuerschungsparticipanten ze erhalen.

Firwat sammelen an notze mir Är perséinlech Daten?

Mir sammelen a notzen Är perséinlech Daten, fir d’Fuerschungsfroen ze beäntweren, déi de Fuerschungsprojet betreffen. Dozou gehéiert d’Verfaassen vun Dissertatiounen oder Berichter, mee och d’ Ofsécherung  an Analys vun Datenwéi och  d’ Verëffentlechung vun eise Fuerschungsresultater a Berichter, Dokteraarbechten, wëssenschaftlechen Artikelen oder anere wëssenschaftleche Verëffentlechunge.

Är pseudonymiséiert Date kënnen no dësem Fuerschungsprojet och fir aner Fuerschungen zu Jugendlechen zu Lëtzebuerg vu Bedeitung sinn.

Wat ass eis Rechtsgrondlag fir d’Veraarbechtung vun den Daten?

Är perséinlech Daten am Zesummenhang mam Fuerschungsprojet gi geméiss der Dateschutz-Grondveruerdnung (DSGVU) an dem lëtzebuergeschen Dateschutzgesetz vum 1. August 2018 verschafft. D’Rechtsgrondlag fir d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Daten am Kontext vun dësem Fuerschungsprojet ass am Artikel 6 (1) DSGVU festgeluecht: a) Di betraffe Persoun huet der Veraarbechtung vun hire perséinlechen Date fir een oder méi spezifesch Zwecker zougestëmmt; an e) d’Veraarbechtung ass fir d’Erfëllung vun enger Opdrag erfuerderlech, déi vun der Universitéit am ëffentlechen Interessi duerchgeféiert gëtt.

Dëse Fuerschungsprojet ëmfaasst sensibel Daten zum Wuelbefannen an zu der Gesondheet. D’Veraarbechtung vu perséinlechen Daten baséiertsech dohier och op Artikel 9 (2) (j): D’Veraarbechtung ass fir Archivéierungszwecker am ëffentlechen Interessi, fir wëssenschaftlech oder historesch Fuerschungszwecker oder fir statistesch Zwecker erfuerderlech.

De Fuerschungsopdrag vun der Universitéit ass am Gesetz vum 27. Juni 2018 iwwer d’Organisatioun vun der Universitéit Lëtzebuerg festgeluecht.

Wien ass fir d’Veraarbechtung vu menge perséinlechen Date verantwortlech?

Den Datekontrolleur a Bezuch op d’Veraarbechtung vun Ären Daten ass d’Universitéit Lëtzebuerg, eng ëffentlech Institutioun fir Héichschoulbildung a Fuerschung, mat Sëtz op 2 Avenue de l’Université, L‑4365 Esch-Uelzecht, Lëtzebuerg, déi fir d’Abteilung Sozialwëssenschafte vun der geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit, Bildung a Sozialwëssenschaften zoustänneg ass.

Wann Dir Ufroen a Bezuch op d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Daten hutt, kënnt Dir Iech per E‑Mail op dpo@uni.lu oder per Post u follgend Adress un den Dateschutzbeoptraagte vun der Universitéit Lëtzebuerg wenden:

UNIVERSITÉ DU LUXEMBOURG

Data Protection Officer

Maison du Savoir

2, Avenue de l’Université

L-4365 Esch-Uelzecht

Wéi schütze mir Är Daten?

Fir d’Vertraulechkeet vun Ären Daten ze garantéieren, ginn d’Stéchprouwenauswiel an d’Aluedung vun de Participanten net am Kader vum Fuerschungsprojet, mee vum Centre des Technologies de l’Information de l’État (CTIE) ofgewéckelt. Dir gitt wärend der Datenerhiewung, an den Daten a wärend der Datenanalys nëmmen duerch eng Codenummer (oder e Pseudonym) identifizéiert. All Berichter oder Verëffentlechungen, déi wärend dësem Fuerschungsprojet vun der Fuerschungsekipp erstallt ginn, enthalen nëmmen Daten, déi fir Participantsgruppen aggregéiert ginn; et gi keng individuell Äntwerten oder Resultater verëffentlecht.

Wéi laang ginn Är perséinlech Date gespäichert?

Är perséinlech Date gi fir en Zäitraum vun 10 Joer  no der Verëffentlechung vun de Resultater vum Fuerschungsprojet un der Universitéit Lëtzebuerg gespäichert.

Wie kann op Är perséinlech Daten zougräifen a se agesinn?

Empfänger vun Äre perséinlechen Date si Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg, déi un dësem Fuerschungsprojet bedeelegt sinn. Aner extern Fuerscher, Fuerschungsariichtungen oder Verwaltunge kéinten Zougrëff op d’Auszich vun de pseudonymiséierten Date kréien, wann hir Fuerschungsfro mam Fuerschungsprojet an Aklang steet a si déi selwecht Datesécherheetsstandarden anhalen.

Iwwerdroe mir Date baussent der Europäescher Unioun?

Är perséinlech Date ginn nëmme bannent der Europäescher Unioun verschafft.

Wéi eng Rechter hutt Dir laut der Dateschutz-Grondveruerdnung?

Dir hutt d’Recht, op Är perséinlech Daten zouzegräifen an dës ze korrigéiere. A bestëmmte Fäll (geméiss den an der Dateschutz-Grondveruerdnung (Veruerdnung (EU)2016/679) festgeluechte Bedéngungen) hutt Dir och d’Recht, der Aart a Weis vun der Notzung vun den Daten ze widderspriechen, d’Läschung vun Ären Daten ze verlaangen, bestëmmt Aspekter vun der Veraarbechtung vun Ären Daten aschränken ze loossen, an Är Daten ofzeruffen, fir se un Drëtter weiderzeleeden (Recht op Dateniwwerdrobarkeet). Dir hutt ausserdeem d’Recht, Är Awëllegung zur Notzung vun Ären Date jidderzäit ze widderruffen. Dëst gëllt esouwuel fir d’Notzung vun Ären Daten an dësem Fuerschungsprojet ewéi och fir hir Notzung an anere Fuerschungen. Beuecht awer wgl., datt wann Dir Är Awëllegung widderrufft, nodeem d’Fuerscher schonn Date fir Fuerschungszwecker gesammelt hunn, dës Informatioune weiderhi genotzt kënne ginn.

Wann Dir Är Rechter ausübe wëllt, da went Iech un de leedende Fuerscher oder säi benannte Vertrieder. Hie setzt sech da mat der Universitéit Lëtzebuerg a Verbindung, fir Är Ufro ze beaarbechten. Dir kënnt den Dateschutzbeoptraagte och per E‑Mail op dpo@uni.lu oder per Post un déi follgend Adress kontaktéieren (den Dateschutzbeoptraagte setzt sech mam Projetsverantwortlechen a Verbindung, fir Är Ufro ze veraarbechten):

UNIVERSITÉ DU LUXEMBOURG

Data Protection Officer

Maison du Savoir

2, Avenue de l’Université

L-4365 Esch-Uelzecht

Dir hutt ausserdeem d’Recht, eng Plainte bei der Lëtzebuergescher Nationalkommissioun fir Dateschutz (CNPD) iwwer d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Daten anzereechen. Weider Informatioune fannt Dir op http://www.cnpd.lu. Dir kënnt och den Kontaktformulaire op https://cnpd.public.lu/fr/support/contact.html benotzen.

Awëllegungserklärung fir Rechtsvertrieder am Zesummenhang mat der Jugendëmfro Lëtzebuerg (Youth Survey Luxembourg – YSL) 2024

Gitt dem Jugendlechen, iwer den Dir d’Autorité parentale hutt, d’Aluedung an d’Blat mat der ID an dem Passwuert nëmmen, wann Dir Iech mat den Aussoen ënnen averstanen erkläert:

Andeem Dir dem Jugendlechen, iwer den Dir d’Autorité parentale hutt, d’Aluedung an d’Blat mat der ID an dem Passwuert iwwergitt, erkläert Dir Iech domat averstanen, datt:

Dir der Sammlung an der Notzung vun de perséinlechen Daten (nëmmen indirekt Identifikatore wéi am Informatiounshiweis iwwer d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Daten hei beschriwwen) vum Jugendlechen, iwer den Dir d’Autorité parentale hutt, am Zesummenhang mat der JugendëmfroLuxemburg 2024.

Dir zoustëmmt, datt déi vum Jugendlechen, iwer den Dir d’Autorité parentale hutt, bereetgestallt Date un der Universitéit Lëtzebuerg archivéiert an a pseudonymiséierter Form fir aner Fuerschungen am Jugendberäich zu Lëtzebuerg iwwer d’Youth Survey 2024 eraus genotzt ginn.

Dir Iech domat averstanen erkläert, datt d’Date vum Jugendlechen, iwer den Dir d’Autorité parentale hutt, wéi am Informatiounshiweis beschriwwe fir d’Zwecker vu Richtlinnen, Dokteraarbechten an anere wëssenschaftleche Verëffentlechunge verschafft ginn.

Andeem Dir dem Jugendlechen, iwer den Dir d’Autorité parentale hutt, d’Aluedung an d’Blat mat der ID an dem Passwuert gitt, bestätegt Dir, datt Dir der Notzung vu perséinlechen Date vum Jugendlechen, iwer den Dir d’Autorité parentale hutt, wéi uewen uginn, zoustëmmt an d’Fuerscher Iech genuch iwwer d’Aart an d’méiglech Follgen a Risikoe vun der Youth Survey 2024 informéiert hunn an Dir wësst, datt si weider Froe stelle kënnen. Ausserdeem bestätegt Dir, datt Dir d’Informatiounen uewe gelies hutt.

Klickt hei, fir d’Dateschutzerklärung erofzelueden.