FAQ – Parent

Wat ass d’Jugendëmfro Lëtzebuerg (Youth Survey Luxembourg)?

D’Jugendëmfro Lëtzebuerg ass e gemeinsame Fuerschungsprojet tëschent der Universitéit Lëtzebuerg an dem Ministère de l’Éducation Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.

En ziilt dorop of, verschidden Aspekter vum Liewe vu jonke Mënschen am Land wéi ënner anerem Bildung, Aarbecht, Gesondheet, Famill a politeschen Engagement ze verstoen. Wéi ee Ausbildung verfollege se? Wéi dacks trainéiere si an hirer Fräizäit? Wéi zefridde si si mat hirem Liewen? Dëst sinn e puer vun den Froe, déi mir erfuerschen.

Firwat ass d’Jugendëmfro Lëtzebuerg wichteg?

D’Jugendëmfro Lëtzebuerg ass déi eenzeg allgemeng Ëmfro fir Jugendlecher, déi zu Lëtzebuerg liewen. Duerch dëse Projet kënne mir verschidden Aspekter vum Liewe vu jonke Mënschen, hir Astellungen a Bedierfnesser verstoen.

Dat bedeit, datt eis Fuerschungsresultater um Enn vum Projet Spezialisten, anere Fuerscher, der Regierung an Gesellschaft dobäi hëllefen, besser Strategien ze entwéckelen an d’Liewe vu jonke Mënschen zu Lëtzebuerg ze verbesseren. Dohier sinn d’Participatioun an d’Äntwerte vu jiddwer Befrote fir eis extreem wäertvoll.

Firwat gouf de Jugendlechen, iwwer den ech d'Autorité parentale hunn, ausgewielt?

Fir sécherzestellen, datt eis Date korrekt a representativ fir d’Bevëlkerung sinn, un där mir interesséiert sinn, hu mir an Zesummenaarbecht mam Centre des Technologies de l’Information de l’État  eis Befroter aus dem nationale Persouneregëster (RNPP) ausgewielt. Beuecht wgl., datt Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg wärend dësem Verfaren zu kengem Zäitpunkt Zougang zu den Nimm oder Adresse vun de Befroten haten.

Mir hunn e statistescht Verfaren ugewant, fir zu Lëtzebuerg liewend Jugendlecher tëschent 12 an 29 Joer auszewielen. Dat bedeit, datt jiddwer ausgewielte Befrote fir eis Ëmfroresultater äusserst wichteg ass.

Wéi eng Froe ginn am Questionnaire gestallt?

Wärend der Ëmfro ginn d’Froen, déi an der Jugendëmfro gestallt ginn, automatesch un den Alter an d’Liewenssituatioun ugepasst, déi de Jugendlechen ugëtt.

D’Ëmfro ëmfaasst Froen zu der Persoun (z. B. Alter, Geschlecht), der Liewenssituatioun (z. B. Schoul- oder Aarbechtssituatioun), dem sozioekonomesche Status (z. B. Bildungsniveau, Stotausgaben, Beruff a Gebuertsland vun den Elteren), der Gesondheet (z. B. physesch a psychesch Beanträchtegungen), dem Gesondheetsverhalen (z. B. kierperlech Aktivitéit, Alkohol-, Zigaretten-, Cannabiskonsum, preventiivt Verhalen), dem sozialen Ëmfeld (z. B. Frënn, Famill, Wunnsituatioun, Stot), der Politik (z. B. politeschen Interessi a Vertrauen), der Digitaliséierung (z. B. Zougang zu an Notzung vun digitalen Apparater, elterlech Iwwerwaachung, Onlineléieren, Risikoen am Zesummenhang mat Spiller, soziale Medien an negative Onlinebegéignungen) esouwéi de Meenungen an Astellunge vun de Participanten (z. B. iwwer Schoul, Aarbecht, kënschtlech Intelligenz).

Ech géif gär e Bléck op de Questionnaire geheien. Wat soll ech maachen?

Benotzt wgl. net d’ID a Passwuert, déi sech an der Enveloppe mam Informatiounsschreiwes befannen. D’ID a Passwuert si fir d’Participante vun der Studie reservéiert. Kontaktéiert eis wgl. a mir ginn Iech Zougang op de Questionnaire (E‑Mail: yosu@uni.lu, Telefon: (+352) 46 66 44 9695).

Ech sinn averstanen, datt de Jugendlechen, iwwer den ech d'Autorité parentale hunn, un der Jugendëmfro deelhëlt. Wat soll ech maachen?

Beuecht wgl., datt Jugendlecher nëmmen op Aluedung un der Jugendëmfro Lëtzebuerg deelhuele kënnen, dat heescht, wa si en Aluedungsschreiwes fir d’Participatioun un eiser Studie kritt hunn.

Wann Dir en Informatiounsschreiwes kritt hutt, da war an der Enveloppe och eng Aluedung an e Blat mat enger ID an engem Passwuert. Gitt dem Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, wgl. d’Aluedung an d’Blat mat der ID an dem Passwuert NËMMEN, wann Dir Iech mat Follgendem averstanen erkläert:

Andeem Dir dem Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, d’Aluedung an d’Blat mat der ID an dem Passwuert iwwergitt, erkläert Dir Iech domat averstanen, datt:

Dir der Sammlung an der Notzung vu perséinlechen Daten (nëmmen indirekt Identifikatore wéi am Informatiounshiweis iwwer d’Veraarbechtung vu perséinlechen Daten hei beschriwwen) vum Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, am Zesummenhang mat der Jugenëmfro 2024.

Dir zoustëmmt, datt déi vum Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, bereetgestallt Date un der Universitéit Lëtzebuerg archivéiert an a pseudonymiséierter Form fir aner Fuerschungen am Jugendberäich zu Lëtzebuerg iwwer d’Jugendëmfro2024 eraus genotzt ginn.

Dir Iech domat averstanen erkläert, datt d’Date vum Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, wéi am Informatiounshiweis beschriwwe fir d’Zwecker vu Richtlinnen, Dokteraarbechten an anere wëssenschaftleche Verëffentlechunge verschafft ginn.

Andeem Dir dem Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, d’Aluedung an d’Blat mat der ID an dem Passwuert gitt, bestätegt Dir, datt Dir der Notzung vu perséinlechen Date vum Jugendlechen, iwwer den Dir Momper sidd, wéi uewen uginn, zoustëmmt an d’Fuerscher Iech genuch iwwer d’Aart an d’méiglech Follgen a Risikoe vun der Jugendëmfro Lëtzebuerg 2024 informéiert hunn an Dir wësst, datt Dir weider Froe stelle kënnt. Wann Dir virufuert, bestätegt Dir ausserdeem, datt Dir den Informatiounshiweis hei gelies hutt.

D’Participatioun ass fräiwëlleg. No Ofschloss vun der Ëmfro hunn d’Participanten d’Méiglechkeet, e Bong am Wäert vu 15 Euro als Merci fir hir Participatioun ze kréien. Insgesamt gi bis zu 2 000 Bongen un d’Participante verdeelt.

Beuecht wgl., datt déi Befrot an dëser Ëmfro zu e puer Theemae wéi Trauregkeet, Hoffnungslosegkeet an anere perséinleche Bedenke befrot ginn. E puer Befroter kéinten esou Inhalter als onangeneem ugesinn. Dës Froe kënnen iwwerspronge ginn an d’Ëmfro ka jidderzäit gepaust an zu engem spéideren Zäitpunkt mam perséinlechen Zougangscode virugeféiert ginn. D’Participante kënnen hir Participatioun och jidderzäit ouni Ugab vu Grënn an ouni Follgen ofbriechen.

Wat geschitt mat de perséinlechen Daten?

D’Jugendëmfro Lëtzebuerg ënnerläit den aktuell zu Lëtzebuerg gültegen allgemengen Dateschutzbestëmmungen. Dat bedeit, datt all Äntwerte streng vertraulech, pseudonymiséiert an ausschliisslech fir wëssenschaftlech Zwecker genotzt ginn. Pseudonymiséierung bedeit, datt Är perséinlech Date mat enger ID verschlësselt sinn, déi et de bedeelegte Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg esouwéi Baussestoenden onméiglech mécht, Iech ze identifizéieren oder Iech mat Äre Kontaktdetailer ze verknëppen. Dohier ass et net méiglech, Iech zu iergendengem Zäitpunkt perséinlech ze identifizéieren, weeder virun, wärend nach no der Ëmfro.

Aus dësem Grond kënnen Är Äntwerten nom Ofschloss vun der Ëmfro net aus eiser Datebank ausgeschloss ginn. Är Äntwerte gi fir en Zäitraum vun 10 Joer bei der Universitéit Lëtzebuerg gespäichert. Nëmme Fuerscher, déi direkt um Projet bedeelegt sinn, hunn Zougang zu de pseudonymiséierte Daten. No Ofschloss vum Projet ginn déi pseudonymiséiert Daten anere Fuerscher fir wëssenschaftlech Zwecker zur Verfügung gestallt.

Hei kënnt Dir weider Informatiounen zu eiser Dateschutzerklärung eroflueden.

De Jugendlechen, iwwer den ech d'Autorité parentale hunn, wëll net un der Jugendëmfro Lëtzebuerg  deelhuelen. Wat soll ech maachen?

Ignoréiert wgl. den Aluedungsbréif an all Erënnerungen. D’Netparticipatioun huet keng Konsequenzen an et muss och kee Grond ugi ginn.

Hutt Dir nach Froen?

Kontaktéiert eis wgl., wann Dir nach Froen hutt.

E‑Mail: yosu@uni.lu

Telefon: (+352) 46 66 44 9695

Klickt hei, fir d’Projetsinformatiounen erofzelueden.

Klickt hei, fir den Dateschutzhiweis erofzelueden.