Awëllegungserklärung fir d’Persounen mat Autorité parentale iwwer de Jugendlechen am Zesummenhang mat der Jugendëmfro Lëtzebuerg (Youth Survey Luxembourg – YSL) 2024

Als Persoun mat Autorité parentale vun enger 12- bis 15‑järeger Persoun, déi zur Participatioun un der YSL 2024 ageluede gouf, hutt Dir eist Informatiounsschreiwes kritt, dat och d’Aluedung fir de Jugendleche enthält, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt. Liest wgl. d’Informatiounen zu den Daterichtlinnen hei an d’Projetsinformatiounen hei suergfälteg duerch.  

Gitt NËMMEN d’Aluedung an d’Blat mat der ID an dem Passwuert un de Jugendleche weider, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, wann Dir d’Dateschutzerklärungsinformatiounen hei an d’Projetsinformatiounen hei suergfälteg gelies hutt an de follgenden Aussoen zoustëmmt:  

Andeem Dir dem Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, d’Aluedung an d’Blat mat der ID an dem Passwuert iwwergitt, erkläert Dir Iech domat averstanen, datt:  

Dir der Sammlung an der Notzung vu perséinlechen Daten (nëmmen indirekt Identifikatore wéi am Informatiounshiweis iwwer d’Veraarbechtung vu perséinlechen Daten hei beschriwwen) vum Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, am Zesummenhang mat der Jugendëmfro Lëtzbuerg 2024.  

Dir zoustëmmt, datt déi vum Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, bereetgestallt Date un der Universitéit Lëtzebuerg archivéiert an a pseudonymiséierter Form fir aner Fuerschungen am Jugendberäich zu Lëtzebuerg iwwer d’Jugendëmfro Lëtzebuerg 2024 eraus benotzt ginn.  

Dir Iech domat averstanen erkläert, datt d’Date vum Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, wéi am Informatiounshiweis beschriwwe fir d’Zwecker vu Richtlinnen, Dokteraarbechten an anere wëssenschaftleche Verëffentlechunge verschafft ginn.  

Andeem Dir dem Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, d’Aluedung an d’Blat mat der ID an dem Passwuert gitt, bestätegt Dir, datt Dir der Notzung vu perséinlechen Date vum Jugendlechen, iwwer den Dir d’Autorité parentale hutt, wéi uewen uginn, zoustëmmt an d’Fuerscher Iech genuch iwwer d’Aart an d’méiglech Follgen a Risikoe vun der Jugendëmfro Lëtzbuerg 2024 informéiert hunn an Dir wësst, datt Dir weider Froe stelle kënnt.

Ausserdeem bestätegt Dir, datt Dir d’Informatiounen uewe gelies hutt.

Fir d’Awëllegungserklärung erof ze lueden, klickt w.e.g. hei.