FAQ

Wat ass d‘Jugendëmfro Lëtzebuerg?

D‘Jugendëmfro Lëtzebuerg ass e gemeinsame Projet vun der Universitéit Lëtzebuerg an dem Ministère de l’Éducation Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.

Si soll eis e bessert Verständnis vun deene verschiddene Liewenssituatiounen vu Jugendlechen a jonken Erwuessenen hei am Land erméiglechen, z. B am Hibléck op Schoul an Ausbildung, Beschäftegung, Gesondheet, Famill a politeschen Engagement. Gees du därzäit an d’Schoul oder schaffs du? Wéi oft méchs du an denger Fräizäit Sport? Wéi zefridde bass du mat denger Liewenssituatioun? Dat sinn e puer vun de Froen, déi mir beäntwere wëllen.

Firwat ass d‘Jugendëmfro Lëtzebuerg esou wichteg?

D‘Jugendëmfro Lëtzebuerg ass déi eenzeg allgemeng Ëmfro zur Liewenssituatioun vu Jugendlechen a jonken Erwuessenen zu Lëtzebuerg. Duerch dëse Projet sinn mir an der Lag ënnerschiddlech Aspekter vun der Liewenssituatioun vu jonke Mënschen souwéi hir Usiichten a Besoinen ze verstoen.

Um Enn vum Projet kënne mir da mat eise Resultater Experten, Fuerscher, Politiker an aner gesellschaftleche Akteuren bei der Entwécklung vu gëeegenten Initiativen ënnerstëtzen, déi sech positiv op d’Liewe vu jonke Mënschen zu Lëtzebuerg auswierke wäerten. Deng Participatioun an deng Äntwerte sinn dofir fir eis ganz wichteg.

Firwat gouf ech ausgewielt?

Mir mussen eis dorop verloosse kënnen, dass eis Donnéeë stëmmen a representativ fir eis Zilgrupp sinn. Mat der Ënnerstëtzung vum Centre des Technologies de l’Information de l’État wiele mir dowéinst eis Participanten aus dem nationale Melderegëster (RNPP) aus. Mir géifen dech gär dorop hiweisen, dass Fuerscherinnen a Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg wärend dem gesamte Virgang zu kengem Zäitpunkt Zougrëff op Nimm oder Adresse vun de Participanten haten oder hunn.

Mir hunn unhand vun enger statistescher Prozedur jonk Mënsche mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg am Alter tëschent 12 an 29 Joer ausgewielt. Dat bedeit, dass jiddwer ausgewielte Participant ausseruerdentlech wichteg fir d’Resultater vun eiser Befroung ass.

Ech hunn schonn 2019, 2020 oder 2021 un der Jugendëmfro Lëtzebuerg deelgeholl. Firwat gouf ech nach eng Kéier ausgewielt?

D‘Participanten fir d‘Jugendëmfro Lëtzebuerg ginn per Zoufall ausgewielt. Et gëtt eng kleng Chance, dass een am Alter tëscht 12 an 29 méi ewéi eng Kéier ausgewielt gëtt. D‘Fuerscherinnen a Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg haten an hunn keen Zougrëff op d‘Nimm oder d’Adressen vun de Participanten. Dofir kënnen mir net ausschléissen, dass eng Persoun méi ewéi eng Kéier ausgewielt gëtt.

Jiddwer ausgewielte Participant ass ausseruerdentlech wichteg fir d’Resultater vun eiser Befroung. Mir wieren dir dofir dankbar, wann s du nach eng Kéier matmaachen géifs.

Ech géif gär un der Jugendëmfro Lëtzebuerg deelhuelen. Wat muss ech dofir maachen?

W.e.g. beuecht, dass eng Participatioun un der Jugendëmfro Lëtzebuerg nëmme mat enger Invitatioun méiglech ass, d. h. nodeem s de en Invitatiounsschreiwes fir d’Participatioun vun eiser Etüd kritt hues.

Wann s Du eng Invitatioun kritt hues, géi w.e.g. op yosu.uni.lu, klick op d’Schaltfläch Ëmfro starten a gëff däi perséinlechen Zougrëffscode (ID a Kennwuert) an déi virgesi Felder an. Du kanns dann deng favoriséiert Sprooch fir d’Beäntweren vun de Froen auswielen. Wann s du d’Ëmfro vollstänneg ausgefëllt hues, steet dir als Merci fir deng Participatioun e Bong iwwer 15 Euro zou. Insgesamt gi bis zu 2.000 Bongen un d’Participanten erausginn.

Fir méi Informatiounen iwer den Datenschutz, klickt w.e.g. hei.

W.e.g. beuecht, dass an dëser Ëmfro verschidden Themen ugeschwat ginn, wéi z.B. d’Trauregkeet, Hoffnungslosegkeet an aner perséinlech Sujete. Verschidde Leit kënnen sech bei dësen Froen onwuel fillen. Du kanns d’Befroung jidderzäit ënnerbriechen a mat dengem perséinlechen Zougrëffscode spéider fortsetzen. Du kanns d’Befroung ausserdeem jidderzäit ouni Angab vu Grënn an ouni weider Konsequenzen ofschléissen.

Wat geschitt mat menge perséinlechen Donnéeën?

D’Jugendëmfro Lëtzebuerg ënnerläit den allgemengen Dateschutzbestëmmungen, déi zu Lëtzebuerg gëllen. Dat bedeit, dass sämtlech Äntwerte streng vertraulech behandelt, pseudonymiséiert a nëmme fir wëssenschaftlech Zwecker verwennt ginn. Et kënnen zu kengem Zäitpunkt Réckschlëss op deng perséinlech Identitéit gezu ginn, weder virun nach no der Befroung.

Pseudonymiséierung bedeit datt Är perséinlech Donnéeë mat enger ID verschlësselt sinn, wat et de Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg onméiglech mécht Iech z’identifizéieren oder Iech mat Äre Kontaktdetailer ze verbannen.

Aus dem Grond kënnen Deng Donnéeën nom Ausfëlle vun der Ëmfro net aus eiser Datebank ausgeschloss ginn. D‘Donnéeë gi fir d’Dauer vun 10 Joer un der Universitéit Lëtzebuerg gespäichert. Nëmmen direkt um Projet bedeelegt Fuerscherinnen a Fuerscher hunn Zougrëff op d’pseudonymiséiert Daten. No Ofschloss vum Projet ginn déi pseudonymiséiert Donnéeën anere Fuerscherinnen a Fuerscher fir wëssenschaftlech Zwecker zur Verfügung gestallt.

Weider Informatiounen iwwer eis Dateschutzmoossname kanns du hei eroflueden.

Ech wëll net un der Jugendëmfro Lëtzebuerg deelhuelen. Wat muss ech maachen?

W.e.g ignoréier d’Invitatioun an all eventuell Rappeller. Et huet keng Konsequenzen, wann s du net deelhëls an du muss keen Grond uginn.

Hues du nach weider Froen?

W.e.g. setz dech mat eis a Verbindung, wann s du weider Froen hues.

E-Mail: yosu@uni.lu

Telefon: (+352) 46 66 44 9695

Fir méi Informationen iwer den Projet, klickt w.e.g. hei.

Fir méi Informatiounen iwer den Datenschutz, klickt w.e.g. hei.